![]() |
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
|
D'Ufäng | 30er Joeren | 50er bis 70er Joeren | Seit 1980 | Dirigenten | Presidenten Merci dem Alfred Goergen fir dësen Historique, a fir di Zäit a Méi déi hien an d'Musek gestach huet.
|
|
D'Ufäng |
|
|
19. Jh
|
E Kammerorchester huet am Duerf bestaan, deen souwuel um Schlass wéi och op Uuchten am Duerf gespillt hun. Verschidden Instrumenter aus deër Zäit, sin nach bis haut erhaalen. |
Grënnung |
|
|
4.9.1904
|
Aus desem Orchester ass d'Musek entstaanen, ënner dem Numm "Harmonie Bourglinster".
Et woren 17 Grënnungsmêmberen. Am selwechten Mound sin 6 Musikanten nokomm. Den éischten Comité huet aus 7 Mann bestaan. (Photo: Urkund vun der Grënnungsversammlung) |
|
10.9.1904
|
Instrumenter goufen kaaft fir 1540 Frang (haut 770'000). Acompte: 600 Frang (haut 300'000). D'Geld vun den Entréesbeiträg: 230 Frang (haut 115'000). (Photo: Vertrag vum Instrumentekaaf) De Rescht gouf finanzéiert duerch eng Geldlottri. All Musikant huet missen pro Mount 1,5 Frang bezuelen (haut 750) bis de Rescht vun der Schold bezuelt war. |
Eischt Aktivitéiten |
|
|
25.9.1904
|
Éischten Concert
Besetzung: 1 Piccolo, 1 Flütt, 5 Clarinetten, 3 Bügelen, 3 Cornet, 3 Alto, 1 Baryton, 1 Trombone, 2 Tuba, 1 Helikon, 1 kleng an eng déck Tromm. Total: 23 Musikanten. Dirigent: J.P.Pütz (vu Lëtzebuerg, och Liwwerant vun den Instrumenter). Prouwen waren Samschdes owends an der Meederchersschoul. |
|
6.11.1904
|
Kiirmessonndeg
Zweeten Concert: et war Begleetmusek beim Pärderchersspill, an huet bei den Duerfleit an de Kiirmesgäscht Bewonnerung fond. 6 nei Mêmberen sin nees beigetrat. |
|
14.1.1905
|
Éischt Generalversammlung
D'Musek wielt sein éischte Comité (7 Mann). Fir Nouten an aner Onkäschten, sin d'Beiträg vun den Éiremêmberen agefouert gin. Et gouf Theater gespillt am Schoulsall. |
|
6.5.1906
|
D'Reschtschold vun den Instrumenter as bezuelt. |
Weider Aktivitéiten |
|
|
13.6.1906
|
D'Musek erweist deenen 3 neigewielten Deputéiert vum Ostbezirk, dem Joseph Bech (spéider Staatsminister), dem Jean-Baptiste Didier vu Roudemer, an dem Felix Pütz aus der Buerg, d'Éiren. Mat e puër Goldstécker hun di Häeren d'Musek sanéiert.
|
|
Mee 1907
|
D'Musek kritt hieren éischten Fändel. Ët as e Plakat-Fändel, dee bis haut nach gudd erhaalen as.
D'Musek bedeelegt sech un Prëssessiounen a Cortègen. Bei Museksfester get eng Erënnerungsmedail un de Fändel gehaang. D'Bëschfest souwéi den Hämmelsmarsch gin agefouert: d'Musek huet hir Daseinsberechtegung. |
|
6.2.1908
|
Déi éischt Statuten gin niddergeschriwen, déi dem Veräin séng Richtlinn gin.
|
|
1908
|
Iwwert dem Lokalveräin (eng landwirtschaftlech Maschinnegenossenschaft) an der Gonneréngergaass, get de Veräinssall fäerdeg. Et war de Prouwsall vun der Musek an domat hire feste Sëtz.
|
|
|
Éischte Weltkrich
Kéng Aktivitéiten. |
|
1918
|
|
|
1919
|
Kaaf vun enger Theaterbühn fir 134 F (67.000 LUF).
|
|
1920
|
Éischten Ausflug, op Verdun.
|
|
1923
|
KRISIS
D'Musek droht zesummenzebriechen. Zevill Mêmberen trieden aus a gin an deen neigegrënnten Pomjeesveräin; deen och eng Pomjeesmusek sollt gin (wat déi Zäit de Moud war). Daat as awer näischt gin an déi meescht sin erëmkomm. |
|
23.6.1929
|
25 jähregt Stëftungsfest (Photo: Invitatioun an Cortège)
|
|
D'Ufäng | 30er Joeren | 50er bis 70er Joeren | Seit 1980 | Dirigenten | Presidenten
|
|
[ no uewen ]